Pol Crelo bleift Trainer vun der 2. Equipe


08 May 2019

Den FC Berdenia Berbourg ass frou fir matzedeelen dass de Pol Crelo och déi nächst Saison wäert eis 2. Equipe betreien. De Pol huet et vun Ufank vun dëser Saison u gepackt fir seng Trupp ze motivéieren a fussballeresch gutt opzestellen. Och wa mer zweschenduerch mol e klengen Hänger haten, goufen et awer och richteg gutt Phasen wou mir vill wichteg Punkten geholl hunn. D'Zil fir déi nächst Saison sollt et dann och sinn fir eng Konstanz dran ze kreien a wann daat geléngt da musse mer mol kucken waat méiglech ass. Op allefall ass de Pol fir eise Veräin och weiderhinn de richtege Mann op der richteger Plaz. Mir wenschen dem Pol a senge Jongen elo schonn vill Erfolleg fir déi nei Saison.