Pol Crelo bleift Trainer bei der 2. Equipe


30 April 2020

Nodeems de Jorge Freitas fir d'éischt Equipe schonn ëm eng Saison verlängert huet ass lo och kloer dass de Pol Crelo weiderhinn eis zweet Equipe betreien wäert. Och wann dës Saison net bis zu Enn gespillt ginn ass, sou huet eis zweet Equipe en exzellente Parcours gemaach a steet no 12 gespillte Matcher mat 31 Punkten souverän op der 1. Plaz an der Tabell vum 2. Bezierk an der 3. Klass Reserven a wäert aller Virraussiicht no och opsteigen (déi définitiv Validatioun vun der FLF fir d'Reservechampionnat steet allerdéngs nach aus). No e puer méi duerchwuessene Joren, huet eis zweet Equipe domat endlech rëm eppes ze feieren. Niewt de Spiller um Terrain ass dëst secherlech och zu engem groussen Deel dem Trainer Pol Crelo säi Verdéngscht deen der Equipe den néidegen Mix aus Sérieux a Kollegialitéit mat op de Wee ginn huet.

De Veräin ass frou dass de Pol eis a sénger Funktioun erhaale bleift a mir frëen eis fir déi nächst Saison hoffentlech dann an der zweeter Klass Reserven matzemeschen. Vill Succès fir déi nei Saison a weider sou!

Mir si Berbuerg!