Philipp Galle wiesselt op Berbuerg

Philipp Galle



12 January 2018

Den FC Berdenia Berbourg huet d'Wanterpaus genotzt fir séng éischt Equipe ze verstäerken. De grouss gewuessenen däitschen Ofwierspiller Philipp Galle wiesselt vum FSV Tarforst (D) bei den FC Berdenia.

Mat sénge 24 Joer bréngt hien schon vill Erfahrung mat fir eis Ofwier ze stabiliséieren. Dëst ass och net vu Muttwëll wann ee bedenkt dass mir mat 24 Géigegoaler hanner Biwer (31) an dem Pafendall (27) déi drëttschwächsten Ofwier an eisem Bezierk hun.

De Philipp kënnt no engem Joer Fussballspaus, wou hien sech op den Ofschloss vu sénge Studien konzentréiert huet, op Berbuerg. Do virdrun huet hien beim FSV Tarforst an der Rheinlandliga gespillt. Zu sénge fréihere Veräiner gehéieren ënner aanerem de VfR 07 Kirn, den SV Morbach, souwéi och d'U19 vun Eintrach Trier an d'U17 vum 1. FC Kaiserslautern.

Mir heeschen de Philipp häerzlech Wëllkomm zu Berbuerg a wënschen him vill Erfolleg.