Paulo Moura neie Co-Trainer


24 January 2022

De Paulo Moura ass eisen neie Co-Trainer a wäert eisem Coach Martin Forkel mat senger Expertise zur Säit stoen. De Paulo huet bis viru kuerzem den FC Blo-Wäiss Itzig als Chefcoach trainéiert, wou hien 2020 mat der Equipe vun der zweeter an déi éischt Divisioun opgestiegen war. De Paulo ersetzt domat de Vince Scholl op der Bänk, deen sech lo besser op seng Roll um Terrain konzentréieren kann. Wëllkomm Paulo a bonne Chance mat der Equipe!
 
#MIRsiBERBUERG