OPGEPASST: Mam Bus op Schëffleng


02 April 2019

Wéinst der Cavalcade, wäert et e Sonndeg schwéier ginn fir mam Auto bis bei de Schëfflénger Terrain ze kommen. Dofir organiséiert de Veräin e Bus fir d'Spiller. Et sinn nach Plazen fräi fir och e puer vun eise Supporter matzehuelen. Ween well matfueren soll sech per Email op info@berdenia.lu oder bei engem Comitésmember mellen. Départ ass e Sonndeg um 13h30 beim Stade Renert.