Op Plaz 3 duerch 3 Punkten am Derby


10 October 2022

CS Grevenmacher - FC Berdenia Berbourg 0-2
 
Bei exzellentem Fussballswieder si mir um Sonndeg fir den Derby bei den Opsteiger op Grevenmacher gefuer - a konnten um Enn och zefridde rëm Heem fueren ;-)
 
Um Terrain war eis Equipe spilleresch iwwerleen, och wa mir fréih nëmmen méi zu 10 um Terrain stoungen. Den Daouda Condé huet innerhalb vun nëmmen e puer Minutten zwou giel Kaarten gesinn sou dass eis Equipe ab der 22. Minutt an der Ennerzuel gespillt huet. Déi Maacher konnten doraus awer kee Profit schloen. Mir stounge kompakt a waren am Match, och wann d'Weeer an d'Spëtzt méi wäit gi sinn.
 
Op béide Säiten goufen et net extra vill Goalgeleegenheeten. Grevenmacher huet et e puer mol probéiert, konnt seng Iwwerzuel awer net wierklech ausspillen a war seelen geféierlech. Eng éischt Riesechance fir eis Faarwen hat den Houssam Ait-Said wéi hien an der 52. Minutt sech géint 2 Verteideger an de Keeper gutt duerchsetze mee de Ball net am eidele Goal ënnerbrengen kann. Gerabbelt huet de Maacher Filet dann awer an der 81. Minutt. Als éischt geet dem Jannik Grün säin Distanzschoss op d'Laat, fällt duerno awer dem M'Bappé Camara an d'Féiss deen de Lewis Long an der Mëtt zerwéiert fir den 1-0 ze maachen. Kuerz viru Schluss bréngt e Selbstgoal nom M'Bappé Camara senger Flank eis definitiv op d'Gewënnerspuer sou dass mir den Derby verdéngt mat 2-0 gewannen.
 
E grousst Kompliment un déi ganz Equipe fir deen Asaz an dëse wichtegen 3er, awer och en décke Merci un déi vill Berbuerger Supporter déi op der Tribün fir eng quantitativ a lautstaark Iwwerzuel gesuergt hunn.
 
Nächste Sonndeg geet et doheem weider mam Match géint Blo-Wäiss Medernach, aktuell mat 9 Punkten op der 11. Plaz an der Tabell.
 
Eis zweet Equipe huet leschte Freideg an engem rasante Match mat bësse Pech 5-4 géint Mamer de Kierzeren gezunn. Bessen erblosen an dann geet et den 18. Oktober bei der US Rumelange weider.
 
Mellt iech elo och schonn un fir eisen ALL YOU CAN EAT Mullenowend, den 29. Oktober am Beaurepaire. Méi Infos dozou: https://www.berdenia.lu/news/mullenowend-den-29-oktober-zu-berbuerg-36696/
 
#MIRsiBERBUERG