Onglécklech Derbynéierlag fir eis zweet Equipe


02 October 2021

FC Berdenia Berbourg II - FC Jeunesse Biwer II 0-1
 
Viru knapp 200 Zuschauer ass um Freideg Owend DEN DERBY géint Biwer am Stade Renert gespillt ginn. Trotz gudder Stëmmung op der Tribün si mir Ufanks net richteg an de Match komm a sou fënnt Biwer e Goal duerch e Fräistouss aus ronn 18 Meter deen ënnert d'Laat geet an hannert d'Linn spréngt. Berbuerg huet duerno awer d'Heft an d'Hand geholl a war iwwer wäit Strecken déi besser Equipe um Terrain. An der zweeter Halschent hu mir suguer 4-5 richteg gutt Chancen duerch Schrantz, Speltz a Schuster, mee de Ball sollt de Wee an de Goal net fannen. Sou verléiere mir den Derby doheem mat 0-1. D'Revanche kënnt awer bestëmmt, wa mir eis am Mäerz d'nächst Joer déi 3 Punkten op Biwer siche ginn!

Dëse Sonndeg um 16h00 spillt eis 1. Equipe Coupe de Luxembourg beim FC Kehlen.
 
#MIRsiBERBUERG!