Ofschlossgala 70 Joer


06 January 2019

E Samsdeg, de 5. Januar hat den FC Berdenia Berbourg den Ofschloss vu sénge Festivitéiten am Kader vum 70. anniversaire gefeiert. Iwwer 80 Leit waren der Invitatioun nokomm fir am Beaurepaire un der feierlecher Ofschlossgala Deel ze huelen wou och déi offiziell Broschür viirgestallt ginn ass.

Um Riednerpult sinn de Marco Kubica als President vum Organisatiounscomité 70 Joer, de Jempi Hoffmann als Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach, den Henri Frank als Eirebuergermeeschter an éiwege Fan vum FC Berdenia souwéi och de Raoul Schummer als President vum Veräin op d'Evenementer vum Gebuertsdagsjoer 2018 an op eenzel Momenter aus der Berdenia Geschicht agaangen, an hun och eng ganz Reih Merci'en ausgeschwat un all déi Leit déi sech am Kader vun dësem Gebuertsdag engagéiert hunn.

Nom exzellenten Iessen vum Joël Schaeffer, ass de Marco Kubica an enger kuerzer Presentatioun duerch déi 192-säiteg Broschür gaangen, den orangen Berdenia-Kuch ass ugeschnidde ginn, an den Owend ass a bekannter Berdenia Manéier bei engem Pättchen ausklénge gelooss ginn.

Insgesamt war et e flotten Ofschloss vun engem gelongenen 70. Anniversaire.

Prost op déi kommend Joren!

Fotogalerie