Ofschloss vun den Transfertsaktivitéiten


08 August 2018

E puer nei Spiller fir d'Saison 2018-2019 hu mer op dëser Plaz schon viirgestallt. Fir d'Ronn vun eise Summertransfert'en elo komplett ze maachen, präsentéieren mir haut nach 3 weider "Nei-Berbuerger":

Vincent Sauber (lénks op der Foto), 24 Joer, Goalkeeper
No der Jugend beim FC Jeunesse Junglinster war hien elo 2 Joer bei der US Hostert.
Staark am 1 géint 1, hëllt aktiv um Spill Deel a versicht op méi Spillzaïten ze kommen wéi an der Nationaldivisioun.

Patrick Schulz (Mëtt), 24 Joer, offensive Mëttelfeldspiller
Cousin vum Gustav Schulz, kënnt aus der däitschler A-Liga vum SG Detzem/Pöllich.
Aus beruffleche Grënn hat hien e Joer pauséiert a sicht elo eng nei Herausfuerderung zu Berbourg.

Samuel Stein (riets), 22 Joer, defensiven Mëttelfeldspiller
kënnt vum FC Olympia Christnach wou hien séng ganz Jugend an och déi läscht Joren an der éischter Equipe gespillt huet.