Och de Lucas Jakob kënnt op Berbuerg


12 June 2020

Den 22-jähregen Lucas Jakob, Brudder vum Nicolas deen mer iech dës Woch schonn als neie Berdenia-Stiermer viirgestallt hunn, wiesselt och vun SG Saartal Schoden bei den FC Berdenia. De Lucas ass am defensive Beräich doheem a kann souwuel als Mëttelfeldspiller wéi och an der Innenverteidigung agesat ginn. Bevir hien virun 2 Joer aus beruffleche Grënn op Schoden gewiesselt war, huet hien fir Eintracht Trier an der A-Jugend Regionalliga an duerno suguer zwou Saison'en am Seniorsberäich an der Oberliga gespillt.

Wëllkomm Lucas, Wëllkomm Gebridder Jakob, haut euch rein!

Mir si Berbuerg!