Neie Chefcoach Roland Seitz


04 June 2022

Mir si frou fir déi kommend Saison de Roland Seitz als neie Chefcoach bei eis am Veräin begréissen ze kënnen. De Roland ersetzt domat de Martin Forkel um Trainerstull dee fir déi kommend Saison bei den FC Victoria Rosport an d'BGL Ligue wiesselt.
 
De 57 Joer alen Däitschen huet eng UEFA Pro-Lizenz, war selwer Profispiller an och schonn op enge sëllegen Trainerstatiounen ënnerwee. Säi leschten Engagement hat hien als Chefcoach beim VfR Aalen. Viirdrun war hien beim SV Elversberg sou wéi och laang bei Eintracht Trier. Ausserdeem huet hien Erzgebirge Aue an den FC Paderborn an der 2. Liga als Chefcoach trainéiert.
 
Als Spiller huet de Roland virun allem an der Bayernliga an an der Regionalliga Süd gespillt, zu senge beschten Zäiten awer och an der 2. Bundesliga beim FC Homburg a beim MSV Duisburg (wou hien suguer 1 Match an der 1. Bundesliga gemaach huet).
 
Mir si frou dass mir de Roland konnten vun eisem Wee iwwerzeegen a freeën eis fir hien an Zukunft bei eis op der Trainerbänk ze hunn. Herzlich Willkommen in Berburg, Roland, und viel Erfolg!
 
#MIRsiBERBUERG