Nei Trikot'en fir eis Bambini


22 May 2019

Dës Woch hunn eis Bambini aus der Entente Biwer/Berbourg nei Trikot'en kritt. A Präsenz vun de Präsidenten Raoul Schummer (Berbourg) a Christian Weis (Biwer) souwéi dem Änder Saeul als Vertrieder vun der Ententescommissioun hunn d'Traineren Yves Grandjean a Pit Roller den neien Trikotsaz iwwerreecht kritt. D'Kanner waren sichtlech begeeschtert. Mir wënschen hinnen vill Spaass a vill Erfolleg domat.