Mullenowend den 19. Oktober


30 September 2019

Den FC Berdenia Berbourg invitéiert Iech Samsdes Owes den 19. Oktober op säin traditionnellen Mullenowend.

Fir 22 Euro ginn et Mullen a Fritten souvill een der packt. Op mat Wäin, gutt crèmeg oder, elo dëst Joer nei, à la façon Sud de France, do ass fir all Goût eppes derbäi.

Fir déi déi keng Mullen iessen, hu mir e schéinen Teller mat Ham (réih a gekacht), Fritten an Zalot fir 20 Euro

Kannerportiounen vun deenen zwee Menüer ginn et och, fir 12 Euro.

Den Apéro zerwéiere mir ab 19h00 an et gëtt eng schéin Tombola

Mellt Iech w.e.g. bis den 13. Oktober un op +352 621 758 244 oder info@berdenia.lu

Mir freeën eis op Iech!