Mir sinn Eirepromotioun!


10 May 2022

FC Berdenia Berbourg - US Esch 4-2
 
Mat 3 Punkten am drëttleschte Match vun der Eirepromotiounssaison sechere mir eis fréihzäiteg de Klassenerhalt. Géint den zweetleschten US Esch ass eis Equipe déi éischt Halschent allerdengs guer net gutt an de Match komm. A sou hu mir eis no enger Onopmierksamkeet hannendran den 0-1 an der 24. Minutt agefaangen. No der Paus war et dunn en aanere Match. Berbuerg war kloer besser a kann de Réckstand innerhalb vu 5 Minutten an en 2-1 ëmwandelen, dëst duerch Goaler vum Fortune Katalay (58. Minutt) a Jakub Jarecki (63. Minutt). An der 77. Minutt markéiert de Paco Amededjisso den 3-1 per direkte Fräistouss aus knapp 20 Meter. Ee kuerze Moment huet een awer missten zidderen wéi Esch kuerz viru Schluss rëm op 3-2 rukënnt. An der Nospillzäit kann de Jakub Jarecki awer mat engem schéine Lob alles kloer maachen an zum 4-2 Endstand erasetzen. Domat ass d'Biir geschielt a mir bleiwen e weidert Joer an der zweethéchster Klass vertrueden.
 
De Klassenerhalt huet e Freideg Owend och eis 2. Equipe kloer gemaach a spillt domat och weiderhinn an der zweethéchster Klass vun de Reserven. Mat enger super Prestatioun hu si den Tabelleleader vu Schëffleng mat 2-1 geklappt, duerch Goaler vum Charel Weidert an David Schuster.
 
Deemno geet e grousse Bravo un d'Traineren an hier Equippen fir dass mir d'nächst Joer alleguer och weiderhinn flotte Fussball op deem Niveau gebuede kréien.
 
Op dëser Plaz gratuléiere mir och dem CS Grevenmacher fir den Opstieg an d'Eirepromotioun. Mir freen eis schonn op 2 flott Derbyen déi nächst Saison.
 
Déi aktuell Saison ass awer nach net riwwer. Nächste Sonndeg, de 15. Mee spille mer beim Opstiegsaspirant zu Mamer an den 22. Mee empfänke mir fir de leschte Spilldag Blo-Wäiss Medernach am Stade Renert.
 
Dee Weekend drop ass eise grousse Penalty Weekend. Samschdes den 28. Mee ass den Eelefmetertournoi mat ronn 80 Equippen a Sonndes, den 29. Mee si mir ab 11h30 am Kader vum Kilometermaart fir iech do souwéi och Owes ab 18h00 fir de Koubingo. Kommt bis laanscht!
 
#MIRsiBERBUERG
#MIRsinnEIREPROMOTIOUN