Merci un eisen Arbitter Alex Krüger


13 January 2022

Den Alex Krüger geet a seng wuel verdéngte Pensioun als aktiven Arbitter an Arbitter-Assistent.
 
Den Alex ass wuel deene meeschte Leit am Fussball-Lëtzebuerg e Begrëff. Mat ganzer 1166 Matcher als Onparteieschen ass daat jo och kee Wonner. An deenen iwwer 25 Joer hu vill Spiller an Offizieller hien um Terrain kennen a schätze geléiert.
 
Ugefaang als Arbitter huet den Alex am Mäerz 1995 bei engem Poussinsmatch zu Chrëschtnech. Duerno war hien virun allem an den ënneschten Divisiounen ënnerwee éiert hien am August 2006 den éischten BGL Ligue Match gepaff huet an zënter hier nach just an der ieweschter Liga ze gesinn war. Zum Schluss stoungen eng 157 Matcher um héchste lëtzebuerger Niveau um Kont vum Onparteieschen.
 
A besonnëger Erënnerung bleiwen awer d'Finall vun der Coupe des Princes 2007 (Union Luxembourg - Victoria Rosport), d'Halleffinallen vun der Coupe de Luxembourg 2015 (FC Differdange - Jeunesse Canach) an 2017 (US Esch - F91 Dudelange), d'Coupefinale 2015 (F91 Dudelange - US Mondorf) sou wéi och säin 1000. Match (Fola Esch - F91 Dudelange).
 
Den Alex war awer och internationalen Onparteieschen vun der UEFA a FIFA. Hei ware seng Héichpunkter secherlech als Goallinieriichter an der Nationsleague Liechtenstein - Armenien oder als 4. Offiziellen an der Euroleague Sporting Lissabon - LSAK viru knapp 50.000 Zuschauer (link: https://www.berdenia.lu/news/berbuerger-arbitteren-an-der-europa-league-19093/).
 
Nach eng kleng Anekdot: Den Alex, zu där Zeit nach beim Daring Echternach am Veräin lizenzéiert, hat eise Barragematch géint Wëntger gepaff wou mir 2011 an déi 1. Divisioun opgestiegen sinn.
 
Den Alex ass zënter 2013 bei eis zu Berbuerg am Veräin a lo zwéngt eng laangwiereg Verletzung hien fir seng Arbitterschong un den Nol ze hänken. Dem Fussballssport an och dem Arbitterwiesen wäert hien awer erhaale bleiwen, andeems hien an Zukunft als Arbitterbeobachter op den Terrain'en am Land ënnerwee waërt sinn.
 
Merci Alex fir däin Asaz an däi jorelaangen Engagement an engem Job dee secherlech net ëmmer einfach ass, ouni deen awer ganz secher kee Fussballsmatch géif gespillt ginn.
 
#MIRsiBERBUERG