Matmaachen a gewannen!


15 August 2019

Virum Optakt vun der neier Saison organiséiert den FC Berdenia nach e klengt online Gewënnspill. Op Member oder net, jidderee ka matmaachen an e puer flott Präisser gewannen. Einfach de Formulaire ausfëllen an déi 3 Froen richteg beäntweren a schonn bass du an der Loustrommel. Enner all de richtegen Äntwerten ginn 3 Gewënner geloust.


HEI KLICKEN FIR MATZEMAACHEN

 
Ze gewannen gëtt et:
  • eng VIPkaart fir d'Saison 2019/2020 (fir gratis Entrée op all Championnatsmatch am Stade Renert)
  • en original Trikot vum FC Berdenia (Gréisst L)
  • e Meter Béier an der Buvette vum Stade Renert
 
D'Gewënnspill leeft bis de 24. August Mëtternuecht. De 25. August ass den éischte Championnatsmatch an dann ginn och d'Gewënner op eiser Homepage publizéiert.