MATCHDAY


22 August 2021

Den éischten Heemmatch vun der Saison!

FC Berdenia Berbourg - Yellow Boys Weiler-la-tour
Sonndeg, 16h00 am Stade Renert

Sou wéi mir, ass och Weiler mat enger knapper 2-3 Néierlag an d'Saison gestart. Haut geet et also op eneits ëm Big Points géint e weideren direkte Konkurrent nodeems et jo leschte Weekend zu Miedernach nach net mat den éischte Punkte geklappt hat.

De Match fënnt ënnert dem Covid-Check Regime statt (geimpft, gesond oder gestest). Déi Leit, déi e Schnelltest maache mussen/wëllen, si gebieden selwer een matzebréngen a sur place ze maachen. Merci fir de Versteesdemech!

Ween haut net an de Stade Renert komme kann, huet d'Méiglechkeet eise Match och per Livestream an der RTL Live Arena op rtl.lu (Link) (oder Kanal 93 bei der Tele vun der Post) ze verfolgen.

#MIRsiBERBUERG