Match géint Pafendall gëtt frësch gespillt


29 April 2018

De Match géint den FC Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch gëtt frësch gespillt. Wéi d'Verbandsgeriicht vun der FLF dës Woch matgedeelt huet, gëtt de Match, dee läschte Sonndeg an der 87. Minutt huet missten ofgebrach ginn, nei ugesat. Dobäi berifft een sech op den 2. Abschnitt vum Artikel 15 vun den FLF Spillregelen. ("En cas de situation de force ma€jeure l’arbitre peut interrompre le match de manière temporaire (†€jusqu’à ‚ƒ30 minutes)Š ou l’arrêter définitivement‘: dans ce dernier cas, la rencontre est reprogrammée.")

Fir de Moment heescht daat deemno ee Punkt manner um Konto, dofir awer d'Chance op 3 ganzer Punkten. Den Datum fir den nei ugesatene Match gëtt nächst Woch festgeluecht.