Martin Forkel ass eise neie Cheftrainer


26 November 2020

Mat Bléck op de Restart vum Championnat Ufanks Januar, ass den FC Berdenia frou fir matzedeelen dass mir mam Martin Forkel en neie kompetente Cheftrainer engagéiere konnten. De Vince Scholl, dee kuerzfristeg als Interim agespronge war, bleift Co-Trainer.

Den 41-järege Martin Forkel, deen haaptberufflech als Fussballstrainer schafft, war fir d'lescht beim Baniyas FC an der arabescher Gulf-Liga als Co-Trainer vum Winfried Schäfer am Asaz. Insgesamt kann hien eng beachtlech Vita obweisen. Hei just e puer vu sénge Statiounen:

Als Spiller war hien ënner aanerem bei Greuther Fürth, Borussia Fulda, Wacker Burghausen, TuS Koblenz, 1. FC Saarbrücken, Borussia Neunkirchen an huet och an der däitscher U18 bis U21 Nationaléquipe gespillt, mat där hien 2 mol op der WM derbäi war.

Als Trainer war hien beim 1. FC Saarbrücken (U19 Bundesliga), bei der Nationaléquipe vum Vietnam, beim Ho Chi Minh City FC (Vietnamesesch 1. Liga), beim Esteghlal FC (Iranesch 1. Liga an AFC Championsleague) an zum Schluss beim Baniyas FC (1. Liga an de Vereenegten Arabeschen Emirater).

Wëllkomm Martin! Mir wënschen dir ein gutes Gelingen a mir hoffen dass mir zesummen de Klassenerhalt um sportlechem Wee sëchere kënnen.

Dofir geet Ufanks Dezember och rëm de Fussballstraining a 4er-Gruppen weider, nodeems eis Jongen déi lescht Wochen no engem individuelle Fitnessplang trainéiert hunn. Sou dass mir sportlech op der Héicht sinn wann et den 10. Januar rëm soll lass goen. Loosse mer hoffen. 

Bis dohinn, bleift gesond!

Mir si Berbuerg!