Mam Jorge Freitas an déi nei Saison


30 March 2020

An dësen Deeg vun Ongewëssheet, ass den FC Berdenia Berbourg frou fir Gewëssheet en vue vun der nächster Saison ze schaafen. Egal wéi dës Saison weider- oder ausgeet, eisen Trainer Jorge Freitas wäert och fir d'Saison 2020/2021 bei eiser éischter Equipe als Haaptresponsablen op der Bänk setzen.

Momentan steet d'Equipe jo mat 32 Punkten op der drëtter Plaz an der Tabell vum 2. Bezierk an der 1. Divisioun, an et huet no enger historescher Saison fir eise Veräin ausgesinn, wéi gesot... mat ongewëssem Ausgang. Wëll mir dëse Wee awer wëlle weidergoen, war et fir déi Responsabel vum Veräin nëmmen e logesche Schrëtt fir mam Jorge Freitas och iwwert déi aktuell Saison eraus weider zesummen ze schaffen.

Mir si frou an houfrëg de Jorge weiderhinn an eise Reihen ze hunn a wënschen him weiderhinn vill Erfollëg an eng glécklech Hand mat sénger Equipe.

Dozou e klengen Interview mat eisem onëmstriddenen Cheftrainer Jorge Freitas:

Jorge, wéi gesäis du déi ganz Covid-19 Situatioun?

Schwéier Zäiten...
Ët ass nët ganz evident an dësen Zäiten, déi richteg an néideg Wierder ze fannen.

Mir sin jo all betraff vun dëser Pandemie...
Déi eng kämpfen ëm hiert Liewen...
Aanerer versichen déi Liewen ze retten...
Dann all déi, die alles maachen domat den Alldaag fonktionnéiert...
Ët dierf keen vergiess gin!

Eng Well vun Solidaritéit huet sech entwëckelt. Mënschen hëllefen Mënschen. Den "Ech" ass nët méi den Mëttelpunkt... Sëcherlech een Fortschrëtt an een Wee deen ët och no der Kriis weiderzegoen gëllt.

Ech mengen daat all eenzelnen an sengem Alldaag mëttlerweil erkannt huet daat mir am Fong eng Kriis ze bewältegen hun, déi nët nëmmen sanitär mee och sozial ass. An een vun den gréissten Anschnëtter an éisem Alldaag ass deen, déi Léit déi een am Veräinsliewen ëmmer ëm sech haat nët kënnen an gewinnter Ronn am "Familienkrees" ze gesin. Kollegen, Spillkameroden, Frënn an "Bridder" déi een vermësst. Mee mir mussen do duerch. Mat Wëllen, Discipline, Zielstrebegkeet, Solidaritéit an Nächsteléift packen mir daat zesummen.
Mir sin een Team...
Mir sin Berbuerg... an nach vill méi!


Wei geet d'Equipe mat der aktueller Situatioun em?

Am moment sin d'Jongen natierlech enttäuscht daat den Ball nët rullt... Mee no ufänglecher Enttäuschung hun se lo gemierkt daat d'Situatioun ët eben nët erlaabt Risiken anzegoen. Si hun lo och d'Zäit genotzt fir méi bei hiiren Familjen ze sin an och professionell ass deen een oder aaneren lo méi gefuerdert. Ech loossen hinnen och lo mol hiir Rouh. Keen expliziten Trainingsprogramm, keng Viirschrëften. Den Fokus ass am moment nët daat Ronn Lieder. Daat waat lo wichteg ass, ass dëst Pandemie ze bekämpfen.


Du hues jo lo viirzäiteg mam FC Berdenia Berbourg verlängert, waat ass deng Motiviatioun fir weiderzemaachen? Waat sin deng Zieler?

Ech mengen daat dierft keng grouss Iwwerraschung gewiercht sin. Natierlech sin ee puer Veräiner un mech rungetrueden an wollten wëssen wéi d'Zukunft ausgesäit. Mee ech hun eng ganz kloer Prioritéit an Verpflichtung géintiwwer Berbuerg. Iergendwou an dir selwer wees du waat Richteg ass. An ech wees daat Berbuerg deen richtegen Veräin ass. Déi zwou lescht Saison'en spillen mir am ieweschten Drëttel vun der Tabell an der éischter Divisioun. Nach nie do gewiercht an der Veräinsgeschicht... Dëst Joer souguer mat berechtegten Aspiratiounen an d'Éierepromotioun ze steigen. D'lescht Joer Halleffinalist an der Coupe FLF, den epischen Match an der Coupe de Luxembourg géint d'Jeunesse Esch an dëst Joer an der selweschter Coupe den herausragenden Match géint Woltz.
Den Veräin ass um richtegen Wee, mir hun dëst Joer eng vun den jënksten Équipen aus der éischter Divisioun, vläit souguer aus dem Land.
Fantastesch Spiller an Mënschen déi ët engem Trainer einfach maachen motivéiert ze sin.
Den Veräin gëtt viirbildlech gefouert an ass an allen Hinsiichten eng unerkannten Gréisst am Osten. Dorop léisst sech Bauen.
Deen Grupp, déi Mannschaft, deen Comité, déi Fans sin d'Motivatioun fir weiderzemaachen.

Meng Motivatioun? Meng Zieler? Ech géing éischter éis Zieler soen. Zesummen sin mir staark. An dann ass keen Ziel onereechbar...

Mir si Berbuerg, an nach vill méi!!!