Mam Jorge Freitas an déi nei Saison


05 April 2019

Den FC Berdenia Berbourg ass frou fir matzedeelen dass mir mam Jorge Freitas als Chefcoach vun der 1. Equipe och an déi nei Saison wäerte goen. De Jorge hat d'Equipe nom 4. Spilldag iwwerholl an huet säitdeem eng gutt Equipe geformt. Den Zesummenhalt an d'Ambiance si gutt an déi sportlech Resultater schwätze fir sech:

- am Championnat 30 Punkten a 15 Matcher geholl

- insgesamt 11 Matcher gewonn, 3 gläich gespillt an nëmmen 4 verluer (dovun een géint d'Jeunesse)

- säit 5 Matcher ongeschloen

- an zum aktuellen Zäitpunkt schonn déi wichteg 30-Punkten-Grenz erreecht.

Deemno weist sech de Comité ganz zefridde mam Jorge senger Aarbescht an et ass just e logesche Schrëtt fir him och fir déi nei Saison d'Vertrauen auszeschwätzen a weider mat him ze schaffen. Weider sou! Mir si Berbuerg!