Mam aktuellen Trainerteam an déi nei Saison


07 May 2018

Wat och scho virum Weekend gewosst war, gëtt dann elo nom gepackten Klassenerhalt offiziell. 

De Patrick Zöllner féiert séng Aarbescht als Chef-Trainer vum FC Berdenia Berbourg weider a wäert dru schaffen fir mat der Equipe nach e Schratt no viir ze maachen. U sénger Säit wäert och weiderhinn de Jorge Freitas als Co-Trainer a wichteg Bindeglied zwëscht Spiller, Trainer a Comité stoen.  Den Daniel Becker, e Sonndeg selwer am Kader, wäert weiderhin eis Goalkeeper trainéieren. 

Den Ibrahim Diop hällt no der Saison als Co-Trainer op. Mir soen him Merci fir säin Engagement a wënschen him virun allem gesondheetlech bonne Chance fir och weiderhinn kënnen séng Passioun Fussball weider auszeüben. 

Eisem Trainerteam wënsche mir vill Erfolleg fir déi kommend Saison, d'Kaderplanung ass jo och schonn voll am gaang.