Lockerungen och fir de Fussball


11 May 2020

Déi zweet Phase vum Déconfinement, also vun de Lockerungen vun de Sécherheetsmesuren, ass säit e Méindeg 11. Mee a Kraaft. Dëst betrëfft och zum Deel de Fussball.

An zwar ass et ab elo rëm méiglech fir dobaussen Fussball ze spillen. De richtege Fussball wéi mir e kennen ass daat awer nach nët. Deemno kënne sech maximal 20 Leit am Fräien treffen fir Fussball ze spillen, allerdéngs mat den néidegen 2 Meter Ofstand, ouni Kontakt a mat Mask (!?).

Effektiv huet och d'Gemeng op dee selweschten Datum d'Fussballsterrain'en rëm fräi ginn an et ass nët méi verbueden fir drop ze goen. Duschen an Vestiairen sinn awer weiderhinn net zougänglech.

Fir d'Spiller vum FC Berdenia bedeiten dës Lockerungen allerdéngs keng Ännerungen. Wëll d'Championnat secher net fortgefouert gëtt a sérieux Traininger ënner dëse Conditioune net méiglech sinn, wäerten och weiderhinn keng sportlech Veräinsaktiviéiten statt fannen. Eng eventuell Reprise kënne mer eis fréihsten fir d'Preparatioun vun der neier Saison erhoffen.

Fir déi déi awer lo scho rëm Loscht hunn ze kicken, kënnen dëst awer gären ab e Méindeg 11. Mee ënnert de genannte Sécherheetsmesuren um sytheteschen Terrain zu Berbuerg maachen. Pour rappel sinn daat 2 Meter Ofstand, kee Kierperkontakt an d'Droen vun enger Mask.

An deem Sënn, bleift gesond