Lastminutegoal bréngt 3 Punkten


22 November 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Marisca Mersch 2-1

Berbuerg fänkt mat enger gudder Aktioun un. 2. Minutt, Fräistouss Yanick Kissi, Tim Habscheid mam Kapp op d'Lat. An der Ufanksphase passéiert awer soss net vill, béid Equipen weise kee gudde Fussball um schmieregen Terrain. No engem Goalschoss vu Miersch an der 20. Minutt léisst de Rayan Rafdy op där aanerer Säit no enger gudder Kombinatioun mam Fortune Katalay eng exzellent Chance ongenotzt. Duerno ka Miersch sech ëmmer rëm rondrem eise Strofraum festsetzen, kënnt awer net duerch. Berbuerg kënnt lo vill iwwer Konter, et fehlt awer oft déi leschte Konsequenz. Kuerz virun der Halschent ass et rëm den Duo Rafdy-Katalay. Dës Kéier setzt den aktiven Rayan Rafdy sech iwwer lénks direkt géint et puer Mann gutt duerch, an der Mëtt kann de Fortune Katalay de Ball awer net am Goal ënnerbrengen sou dass et mat engem 0-0 an d'Paus geet.

Déi zweet Halschent hëllt Berbuerg awer d'Heft an d'Hand an dominéiert de Géigner iwwer wäit Strecken. Trotz dem 0-1 Réckstand an der 53. Minutt, deen den Ex-Berbuerger Kevin Madeira op Korner hinn mam Kapp erzielt huet, spillt Berbuerg monter no viir. Wann och dem Fortune Katalay säi Schoss an der 57. Minutt nach vum Keeper paréiert gëtt, an nëmmen 30 Sekonnen drop dem Jakub Jarecki säi stramme Strahl aus 25 Meter un d'Lat geet, sou ass et an der 62. Minutt e Fräistouss vum Rayan Rafdy, deen de géigneresche Verteideger an den eegene Goal zum 1-1 déviéiert. Berbuerg gëtt sech mam Punkt net zefridden a spillt och weiderhinn no viir. Och d'Zuschauer spieren daat an dreiwen hier Equipe un. A sou ass et an der allerleschter Spillminutt wéi den Adriano Ferraz op Korner hinn den 2-1 mecht. Berbuerg steet Kapp a kann domat de Géigner vu Miersch op 5 Punkten distanzéieren.

Et bleiwen nach zwee Matcher an der Viirronn ze spillen. Nächste Sonndeg geet et am Süde vum Land géint den Tabelleviirleschten US Esch, a fir den Ofschloss vum Joer spille mer de 5. Dezember doheem géint Mamer.

Haut den Owend um 20h00 spillt eis zweet Equipe beim Tabellenzweeten zu Schëffleng. A schonn e Freideg fënnt dann hiere leschte Match fir dëst Joer statt. Um 20h00 spille mer doheem géint Remeleng.

Notéiert iech och schonn alleguer den 10. an 11. Dezember fir op kee Fall de GLÜHBÄÄÄR am Stade Renert ze verpassen!

#MIRsiBERBUERG