Lars Schäfer neie Chefcoach


30 March 2023

Den FC Berdenia ass frou fir matzedeelen dass de Lars Schäfer den Trainerposten bei eiser éischter Equipe iwwerhëllt. Hien huet dës Woch schonn den Training gehaal a wäert e Sonndeg fir eng éischte Kéier géint Steesel op der Bänk setzen. De Lars huet viirdrun den US Hostert an der BGL Ligue trainéiert a war do viirdrun laang Joren beim FSV Salmrohr (als Trainer wéi och als Spiller).
 
Mat vun Hueschtert bréngt de Lars säi Co-Trainer Michel Stoll. Zesumme mam Pierre Hoffmann wäert hien dem Lars ënnert d'Äerm gräifen. Komplettéiert gëtt d'Trainerteam vum Tiziano Esposto an Daniel Becker.
 
#MIRsiBERBUERG