Kostas séchert eis 3 wichteg Punkten


25 April 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Schifflange 1-0
 
No enger klenger Negativserie si mir och net sou gutt an dësen Heemmatch gestart. Schëffleng war an den éischten 20 Minutten déi besser Equipe am Stade Renert. Mee d'Chance war op eiser Säit sou dass mir géint de Spillverlaf den 1-0 an der 27. Minutt gemaach hunn. De Rayan Rafdy kann de Ball op der rietser Säit am Strofraum behaapten, leet zréck op de Paco Amededjisso deen de Ball aus 16 Meter niewt de laange Potto am Goal ënnerbrenge kann. Dëse Viirsprong huele mir och mat an d'Paus.
 
Duerno sinn et ëmmer rëm Aktiounen mat vereenzlten Chancen op béide Säite ginn. An der 76. Minutt kritt Schëffleng e Fouleelefmeter gepaff. Eise Keeper Kostas kann deen awer paréieren an hällt senger Equipe domat déi 3 Punkte fest. Apropos, vergiesst nët fir är Equipe fir den Eelefmetertournoi den 28. Mee zu Berbuerg unzemellen --> www.penalty.lu. Duerno sinn eis Bären awer rëm um Drücker a versichen an der Schlussphase, a virun allem no der Schëfflenger rouder Kaart an der 83. Minutt, de Sak definitiv zouzemaachen mee et sollt beim 1-0 an domat bei 3 ganz wichtege Punkte fir eis Faarwe bleiwen.
 
Domat iwwerhuele mir Schëffleng rëm an der Tabell a kënnen e grousse Schrëtt a Richtung Klassenerhalt maachen. Nächste Weekend geet et zu Miersch ëm déi decisiv Punkten!
 
#MIRsiBERBUERG