Kossivi "Paco" Amededjisso wiesselt op Berbuerg


27 January 2022

Den 20-järege Mëttelfeldspiller kënnt vum FSV 1996 Preussen Bad Langensalza aus der Thüringenliga, enger Iwwergangsstatioun nodeems hien eng Reih Joren an der Jugend vun RB Leipzig gespillt huet. De Kossivi, genannt Paco, ass fir Leipzig ënner aanerdem och an der UEFA Youth League opgelaf (mat 2 perséinleche Goaler géint Zenit St. Petersburg) an huet och schonn e Match fir déi togolesesch Nationaléquipe an der Afrika-Cup-Quali bestridden. Lo soll hien seng Qualitéiten bei eis zu Berbuerg op den Terrain bréngen. Wëllkomm zu Berbuerg, Paco!
 
#MIRsiBERBUERG