Kings of Penalty dëse Weekend


04 June 2018

Endlech ass et rem souwäit, déi läschte Preparativen laafen op Héichtouren, well e Freideg an e Samsdeg heescht et "Kings of Penalty 2018 - 10 years gold edition". Kommt e Freideg ab 19h00 eis Flieten schmaachen, et sinn déi Bäschte wäit a breet. Zesummen mat engem gudde kaale Simon Pils an der Musek vun der BBM, Stage Addicts and Timeless ass daat de perfekte Start an de Weekend. E Samsdeg ab 12h00 starte mer dann mat 90 Equipen an de groussen Kings of Penalty Eelefmeter Tournoi. Bei gudde Beats mam DJ Bisi kann ee Kollegen treffen, zesummen een drénken a sech och nach (minimal) sportlech betätegen. E gudde Mix also fir e Samsdeg mëtteg vum hoffentlech gudde Wieder ze profitéieren. 

See you there!