Kings of Penalty 2020 gëtt verréckelt


17 April 2020

Léif Penaltys-Frënn,
 
och wann déi gutt 11 Meter Abstand zwëscht dem Keeper an dem Spiller u sech dem "Social Distancing" entsprëcht, kann eisen Eelefmetertournoi dëst Joer leider net wéi gewinnt um 2. Weekend am Juni stattfannen. Je nodeem wéi d'Situatioun sech weiderentwéckelt, waërte mir awer versichen fir e "Quick Kick", also e méi klengen Eelefmetertournoi, zu engem spéideren Zäitpunkt ze organiséieren.
 
Aufgeschoben ist nicht aufgehoben - dofir bleift um Ball bei eis op Facebook an op www.berdenia.lu.