Kings of Penalty 2020


13 June 2020

Gléck am Ongléck kéint ee soen. Dëse Weekend hätt sollen déi 12. Editioun vum Kings of Penalty sinn, ugefaange um Freideg mam Concertsowend a mam Eelefmetertournoi e Samsdeg de ganzen Dag. Mee leider ass am Joer 2020 jo alles aanescht.

No wochelaanger Préparatioun an 3 Deeg Site opriichten wiere mir gëschter um Freideg géint 18h00 prett gewiescht fir eis Gäscht ze empfänken an e flotten Owend mat live Musek ze feieren. Pünktlech fir de Optakt wieren awer och d’Onwiederen um Rendez-Vous gewiescht mat Knëppelsténg a vill Loft a Reen, sou dass daat Ganzt mat grousser Wahrscheinlechkeet an d’Waasser gefall wier.


D’Wieder um Samsdeg huet sech besser annoncéiert, awer ëmmer mat der Ongewëssheet dass rëm e Stuerm an Donnerwieder opzéiht a deemno mam Risiko den Tournoi rëm mussen ofzebriechen sou wéi 2018 op eiser 10-järeger Jubiläumseditioun. Keng schéi Viirstellung. Am Normalfall wier et awer no enger Reih Béieren a Flieten e flotten Daag mat Kolleegen gewiescht wou géint der Owend déi beschten (oder déi glécklechsten) Equipe den Tournoi an déi 6 Terra-Pads vun der Firma Eye-T gewonnen hätt.

Deemno war et vläicht Gléck am Ongléck dass mir dëst Joer zu enger Paus gezwonge gi sinn. Daat nächst Joer kënnt de Kings of Penalty awer zréck - sträicht iech elo schonn den 11. + 12. Juni 2021 am Kalenner un!

Niewt den Duerfleit, all den Equippen an de ville fräiwëllege Veräinsmemberen, wëlle mir awer virun allem och eise laangjährege Sponsoren op dëser Plaz villmools Merci soen. Ouni si wier dësen Tournoi an de leschte Joren sou net méiglech gewiescht. Dofir ënnerstëtzt och eis Sponsoren, grad an dësen Zäiten.

Als Ersatz fir de Penalty 2020 organiséiert de Veräin de 4. Juli e Flieten Drive-In zu Berbuerg um Terrain. Maacht är Commande elo op info@berdenia.lu!

Bis dohinn – bleift gesond

äre Penalty Organisatiouns Comité