Keng Punkten fir de Joresoofschloss


06 December 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Mamer 32 0-2
 
Fir de leschte Match vum Joer sollt de Kleeschen leider keng Punkten mat op Berbuerg brengen. Mir verléieren mat 0-2 géint Mamer, déi doduerch hiere Viirsprong op 4 Punkten ausbaue kënnen.
 
Während déi éischt Halschent nach nët vill passéiert ass, konnt Mamer nom Téi zweemol op e Standard hinn zouschloen, e Fräistouss vun hierer lénkser Säit an der 51. Minutt wou an der Mëtt kee sech zoustänneg gefillt huet fir de Ball ze klären, an e Fouleelefmeter an der 90. Minutt. Déi beschte Chance op Berbuerger Säit hat den Daniel Ulbrich an der 68. Minutt mam Kapp no engem Fräistouss vum Moritz Habscheid, mee de géigéneresche Keeper kann de Ball mat eng gudder Parade iwwert d'Lat déviéieren. Sou verléiere mir um Enn leider net onverdéngt eise leschten Heematch vum Joer.
 
Hei eng Fotogalerie vum Andjelko Markulin op fupa.lu (och d'Source vun der Coverphoto)
 
Insgesamt hu mer awer keng schlecht Viirronn gespillt. Mat 21 Punkten stinn eis Bären aktuell op der 8. Plaz genau an der Mëtt vun der Tabell, 5 Punkten no uewen op d'Barrageplazen an 8 Punkten no ënnen op d'Barrageplazen. Et bleift also spannend fir d'Réckronn.
 
Sportlech geet et lo an d'Paus, mee de Veräin lued virum Joresweissel awer nach op säi GLÜHBÄÄÄR an, dëse Freideg a Samschdeg beim Fussballsterrain. Kommt bis laanscht!
 
#MIRsiBERBUERG