Keng Big Points zu Miersch


02 May 2022

FC Marisca Mersch - FC Berdenia Berbourg 2-0
 
Schonn um Samschdeg huet eis éischt Equipe zu Miersch gespillt. Op engem holpregen Terrain sollt et awer nach net zum fréizäitegem Klassenerhalt kommen.
 
An engem insgesamt schwaache Match, huet déi éischt richteg geféierlech Situatioun an der 27. Minutt och direkt zum Géigegoal gefouert. No enger Fräistoussflank vun der Säit, kënnt de Stiermer an der Mëtt ganz alleng zum Kappball. De Kostas ass nach drun, kritt de Ball awer net méi entscheedend déviéiert. 1-0 Pausestand.
 
Miersch hat zwar déi besser Chancen, waren awer seele richteg geféierlech. Op Berbuerger Säit war d'Duebelchance vum Fortune Katalay a Jakub Jarecki an der 59. Minutt nach déi beschten, mee vill ze harmlos am Ofschloss. Miersch huet an der 83. Minutt op e Konter hinn e Penalty zougesprach kritt a konnt domat den Deckel op de Match drop maachen sou dass mir dëse Match mat 2-0 verléieren.
 
Et bleiwen 3 Matcher ze spillen. Am Tabellemëttelfeld bis rof an d'Ofstiegszon bleift et spannend wou 9 Equippen nach em de Verbleif an der Eirepromotioun kämpfen. E Sonndeg geet et dann doheem géint US Esch, déi aktuell Zweetleschte sinn awer nëmmen 3 Punkte Réckstand op eng Netofstiegsplaz hunn. Deemno alles aanescht wéi e Selbstläufer. Kommt dofir all eis Bären am Endspurt ënnerstëtzen.
 
#MIRsiBERBUERG