Kee Punkt zu Kanech


11 April 2022

FC Jeunesse Canach - FC Berdenia Berbourg 1-0
 
An der Ufanksphase war Canach ganz kloer spillbestëmmend mat villen Aktiounen. Eis Bären waren vill ze harmlos an den Zweekämpf a ganz onglécklech beim Passspill sou dass d'Haushären zu enger ganzer Reih Chance komm sinn. Meeschtens ongeféierlech am Ofschloss, mee och eise Keeper Bobby Jiang huet déi eng oder aaner Kéier missten décisiv agräifen.
 
An der 18. Minutt war et dann déi logesch Konsquenz dass Canach mat engem Distanzschoss mat 1-0 a Féierung gaangen ass. Dëst sollt och den eenzege Goal vun der Partie bleiwen. Och wann de Match vu kuerz virun der Halschent bis zum Schluss hi méi ausgeglach war, konnt Berbuerg keng eenzeg richteg Chance kréeieren sou dass mir och keng Punkten vu Canach mat Heem huele konnten. 
 
Ze erwähne bleift nach dass de Bobby Jiang an der 93. Minutt e Penalty vum Fine Bop, dem Topscorer aus der Eirepromotioun, paréiert huet. Béid Acteuren luede mir heimat häerzlech op eise KINGS OF PENALTY Eelefmetertournoi den 28. Mee an fir hir Können op eneits ze beweisen (Equippenumeldung op www.penalty.lu).
 
An der Eirepromotioun geet et lo an d'Crunchtime. 6 Matcher bleiwen nach ze spillen. E puer Punkte mussen nach op eise Kont derbäi kommen. Firwat net schonn op Ouschtersamschdeg um 18h00 beim Tabelleleader zu Käerjeng?!
 
#MIRsiBERBUERG