Kantersieg am Niewel fir eis 2. Equipe


13 November 2021

FC Berdenia Berbourg II - CS Sanem II 9-1
 
Mam CS Sanem ass en direkte Konkurrent am Mëttelfeld vun der Tabell um Freideg Owend op Berbuerg komm. Bei déckem Niewel a kaalen Temperaturen huet Berbuerg seng zahlreich Chancen endlech mol genotzt a konnt um Enn eng héich verdéngten a souverän Victoire feieren.
 
3. Minutt: 1-0 David Schuster
15. Minutt: 2-0 David Schuster
37. Minutt: 3-0 Manuel Kaufmann (11-Meter)
51. Minutt: 4-0 Charel Weidert
68. Minutt: 5-0 Mathis Weydert
69. Minutt: 6-0 Mathis Weydert
74. Minutt: 7-0 Mathis Weydert
80. Minutt: 7-1 Géigegoal duerch en Distanzschoss
86. Minutt: 8-1 Max Schrantz
90. Minutt: 9-1 David Schuster (am Noschoss vun engem 11-Meter vum Charel Weidert)
 
Haut um Samschdeg geet et um 18h00 fir eis 1. Equipe zu Schëffleng ëm wichteg Punkten! Kommt eis Bären ënnerstëtzen!
 
#MIRsiBERBUERG