Jugendindoor 2018
22 January 2018
De Weekend vum 20. an 21. Januar huet zu Berbuerg an der Hal rëm eisen alljährlechen Jugendindoortournoi stattfonnt. An de Kategorien Bambini, Pupilles, Poussins a Minimes sinn insgesamt 23 Equipen ugetrueden fir em déi éischt Plazen ze spillen. D'Jugendequipen vun der Entente Berbourg/Biwer/Grevenmacher sinn och an alle Kategorien un de Start gaangen, konnte sech awer leider net géint déi staark Konkurrenz duerchsetzen.
D'Gewenner vum Jugendindoor 2018 an den eenzelne Kategorien sinn:
Bambini: FC Jeunesse Junglinster
Pupilles: SV Langsur
Poussins: US Hostert