Jugend: Optakt vun der Saison


03 October 2018

Fir eis Jugendspiller huet och lo déi nei Saison 2018-2019 ugefaangen. D'Ententesveräiner CS Grevenmacher, FC Jeunesse Biwer an FC Berdenia Berbourg ginn elo zesummen an hier 4. gemeinsam Saison.

Den FC Berdenia Berbourg gëtt an der Ententesjugendcommissioun vu folgenden 3 Comitésmemberen vertrueden: Raoul Schummer, Raymond Lahr an André Saeul.

Weider wichteg Informatiounen an News fannt dir an der Rubrik "Jugend" op eiser Homepage (hei clicken) an och op Facebook op der neier Fanpage vun der Entente (hei clicken a liken).

Mir wënschen all eise Jugendspiller vill Erfolleg a virun allem vill Spaass um Terrain.