Journée du Bénévolat


05 December 2019

De 5. Dezember ass den internationalen Dag vum Bénévolat / Ehrenamt. Zu dëser Geleegenheet wëlle mir drun erënneren dass och e Club wéi den FC Berdenia Berbourg, deen zënter 1999 als a.s.b.l. - association sans but lucratif - agedroen ass, nëmmen fonctionnéieren kann duerch den Engagement vun enger ganzer Reih fräiwëllegen Memberen. Ufänken muss een hei mam Comité vum Veräin, wou aktuell 13 Leit sech regelmässeg treffen a schaffen fir d'Dagesgeschäfter vun engem Fussballclub ze féieren an ze géréieren. Dobäi bréngt all Comitésmember séng Stäerkten mat eran, déi ganz ënnerschiddlech kënnen sinn, sief et am sportlechen, finanziellen, administrativen oder am organisatoreschen Beräich. Nieft senge monatleche Comitéssitzungen ginn et eng Partie Aarbeschtsgruppen (Transfert'en, Finanzen, Manifestatiounen) an eng ganz Reih Manifestatioun déi de Veräin selwer organiséiert oder drun Deel hëllt.

Net ze vergiessen bleift natierlech déi ganz Aarbescht déi an der Jugend gemaach gëtt. Vun der Coordinatioun (intern souwéi och mat de Partnerveräiner an der Entente), iwwert d'Organisatioun vun Traininger a Matcher wéi och de ganze sportlechen Deel deen vun eise Jugendtraineren ofgedeckt gett, ginn do eng ganz Partie Fräiwëlleger gebraucht fir de Kanner e flotten a gutt organiséierten Kader ze bidden. All dës Elementer sinn och wichteg an der häiteger Zäit wou nët méi sou vill Zäit fir Privates bleift, an emsou méi wichteg ass et fir all dës Chargen op méi Schëlleren ze verdeelen. Dofir ass all Hëllef Wëllkomm, zumools den Engagement vun den Elteren deen an der Jugend immens wichteg ass. Op een sech elo komplett engagéiert mat enger offizieller Funktioun, sech ëm en Deel vun eppes këmmert oder einfach nëmmen heiansdo eng Hand mat upeekt ass egal, d'Haaptsaach et engagéiert een sech fir séng Kanner, séng Matmënschen a fir d'Gesellschaft am allgemengen. Déi Verantwortlëch vum FC Berdenia Berbourg si sech dëser Verantwortung bewosst a sinn ëmmer rëm frou wann hier éirenamtlech Aarbescht seng Friichten dréiht, waat momentan um sportlechen Plang jo de Fall ass.

Mir si Berbuerg!

Portail du bénévolat: https://benevolat.public.lu