Jorge Freitas bleift Trainer


05 December 2018

Den FC Berdenia Berbourg confirméiert dass de Jorge Freitas och iwwert d'Wanterpaus eraus definitiv um Posten vum Cheftrainer bleift. Ugangs als Interimléisung geduecht a kuerzfristeg vum Co-Trainer zum temporaire Cheftrainer gemaach, soen sech déi Responsabel vum Club zefridden mam Jorge senger Aarbescht a mat der Entwécklung vun der Equipe. Dëst beleen och déi plakeg Zuelen an der Tabell. Mëtt September hat de de Jorge d'Equipe nom 4. Spilldag als Tabelleleschten mat 0 Punkten vu sengem Viirgänger Patrick Zöllner iwwerholl. Säitdeem huet d'Equipe 19 vu 27 méigleche Punkten am Championnat geholl (6 Matcher gewonn, 1 gläich, 2 verluer) a steet op der 6. Plaz mat 9 Puntken Ofstand zu de Barrageplazen no uewen an no ënnen. Ausserdeem si mir zwee Tier an der Coupe FLF weider komm an hunn - trotz Ausscheeden - och eng gudd Prestatioun géint d'Jeunesse an der Coupe de Luxembourg gewisen. 

De Veräin wënscht dem Jorge weiderhinn vill Succès mat senger Equipe. Mir si Berbuerg!