Jakub Jarecki verstäerkt eis Offensive


20 August 2020

Um leschten Daag vun der internationaler Transfertperiod ass et eis gelongen fir nach e "last minute" Transfert ze maachen. De 24 Joer aalen Jakub Jarecki ass e béidféisseg staarken offensive Mëttelfeldspiller a bréngt eng gutt Portioun Erfahrung op héijem Niveau mat op Berbuerg. Hien kënnt vum FSV Salmrohr, huet seng Ausbildung awer bei Bayer Leverkusen gemaach, duerno ënner aanerem fir Viktoria Köln a Sportfreunde Siegen gespillt an huet och schonn 23 Matcher fir d'Etzella Ettelbruck an der BGL Ligue gemaach.
 
Wëllkomm am orangen Trikot, Jakub!
 
Mir si Berbuerg!