INFO: Nohuelmatch géint Pafendall fixéiert


07 May 2018

D'Verbandsgeriicht vun der FLF hat jo scho méi laang décidéiert fir den ofgebrachene Match géint Pafendall net mat 1-1 ze werten mee nei unzesetzen. Als éischt sollt Mëttwochs den 9. Mee gespillt ginn, mee daat huet missten geréckelt ginn well deen Daag den Accès fir bei de Stade Renert duerch eng Etapp vun der Veloscourse "Flèche du Sud" blockéiert ass. Elo ass de Match géint FC Red Black Egalité Pfaffenthal Weimerskirch op Mëttwochs de 16. Mee um 19h30 am Stade Renert ugesat. Och wann béid Equipen näischt méi an der Tabell ze fäerten hunn, wäerten d'Tabellennoperen (7. & 8. Plaz) secherlech versichen dësen Duell jeweils fir sech ze entscheeden.