INFO: Jugendcompetitiounen definitiv ofgebrach


01 April 2020

Leider ass et keen Abrëllsgeck! Um 1. Abrëll koum d'Nouvelle vun der FLF dass déi komplett Saison vun alle Jugendéquippen mat effet immédiat definitiv ofgebrach gëtt. Deemno gëtt fir déi Kleng an déi manner Kleng bis déi nei Saison, déi jo am September rëm ufänkt, kee Fussball méi gespillt. Och den nationalen Fussballsdaag zu Ettelbréck, de 14. Juni, ass ofgesoot.

Waat de Seniorsberäich ugeet, sou ass de Spillbetrieb bis mindestens de 27. Abrëll ënnerbrach an d'Saison soll deemno fréihsten Ugangs Mee rëm weidergefouert ginn, sou wéi daat momentan och fir déi däitsch Bundesliga geplangt ass. Mol kucke waat nach kënnt! Mir haalen Iech um Laafenden!

Haalt iech fit a bleift gesond!

Mir si Berbuerg!