INFO: Homepage Update & nei op Twitter


12 January 2018

Am September 2017 huet de Veräin en neie Layout vu sénger Homepage lancéiert. Phaseweis ganz gutt besicht, kann een bis haut iwwer 30.000 (!) single clicks zënter dem Go-Live zielen. Ugangs Januar huet eis Homepage vun engem techneschen Update duerch Sport50 profitéiert sou dass lo op verschidde Plazen de Layout optimiséiert ginn ass an och déi eng oder aaner nei Fonctionnalitéit derbäi komm ass.

Niewt séngem Internetsite an der Präsenz op Facebook, wäert den FC Berdenia Berbourg ab elo och op Twitter aktiv matzwitscheren. Follow us now on twitter.com/fcberdenia.

Ausserdeem zielt de Veräin aktuell eng knapp 900 Follower op senger Fanpage op Facebook.
Mir soen all eise Fans dofir villmols Merci fir hier Ennerstëtzung.

Fir weiderhin ëmmer gutt informéiert ze sinn, wäerten an Zukunft all Publikatiounen iwwert
d’Homepage www.berdenia.lu gemaach ginn. Bis elo war et sou dass eng Reih Annoncen (wéi z.B. Annonce vum Spilldag, Fotoen, Programmännerungen, Matchofsoen etc.) nëmmen op Facebook matgedeelt gi sinn. Fir awer keen wëllen vun dësem Informatiounsfloss auszeschléissen, wäerten elo all d'Publikatiounen iwwert eisen Internetsite laafen. Do besteht och eng automatesch Schnëttstell mat Facebook an Twitter, sou dass sämtlech Informatiounen natierlech och direkt an de sozialen Netzwierker gedeelt ginn. Mir hoffen dass doduerch eis Fans nach besser an nach méi séier informéiert ginn wéi dat bis elo souwisou schon de Fall war. Op allefall freeë mir eis schon op d’Fussballsjoer 2018.

N.B.: Aus technesche Grënn wäert de Liveticker vun den Matcher och weiderhinn just um Facebook gemaach ginn.

www.berdenia.lu
www.facebook.com/berdenia.berbourg
www.twitter.com/fcberdenia