Info: Covid-Check Regime bei Jugendmatcher zu Berbuerg

Info: Covid-Check Regime bei Jugendmatcher zu Berbuerg

Den FC Berdenia Berbourg informéiert dass alleguer d'Jugendmatcher vun der Entente CSG/Biwer/Berbourg déi zu Berbuerg um Terrain gespillt ginn ënnert dem Covid-Check Regime (geimpft / gesond / getest) organiséiert ginn. Déi Leit déi wëllen/mussen en Test maachen, si gebieden hieren eegenen Schnelltest matzebréngen a sur place ze maachen. Rondrëm den Terrain kann een dann ouni Mask an ouni Abstandsreegelen zirkuléieren. Merci fir de Versteesdemech!
 
Betraff sinn all d'Matcher vu folgende Kategorien déi zu Berbuerg gespillt ginn:
- Bambinis: Samschdes Moies
- Poussins: Sonndes Moies
- Minimes: Samschdes Mëttes
- Scolaires: Samschdes Mëttes
 
Rappel: Net ze verpassen sinn eis Schnuppertraininger fir Jongen a Meedercher tëschent 4 a 7 Joer, Donneschdes den 23. an 30. September um 17h15 zu Berbuerg um Terrain (an den 28. September zu Biwer).
 
#MIRsiBERBUERG