INFO: Coupematch géint d'Jeunesse


15 September 2018

Aus organisatoresche Grënn fënnt de Match vun der Coupe de Luxembourg géint AS la Jeunesse d'Esch schonn SAMSDES, DEN 22. SEPTEMBER 2018 UM 16h00 statt.

Den FC Berdenia freet sech fir den aktuelle Tabelleleader an der BGL Ligue a lëtzebuerger Rekordchampion am Stade Renert begréissen ze kënnen. Eng rieseg sportlech Erausfuerderung fir eis éischt Equipe, awer wee weess, d'Coupe huet jo séng eege Gesetzer. Allez Berbuerg!!!

Fir d'Sportfanatiker an d'Berbuerger Duerfleit sief drun erënnert dass nom Match um 19h00 den Optakt vun der Dëschtennissaison ass, wou den DT Berbuerg d'Noperen vum DT Iechternach zu Berbuerg an der Hal empfänkt (et sinn just e puer Schrëtt iwwert de Parking). Och do gëllt: Allez Berbuerg!!!