Gustav Schulz wiesselt op Berbourg


05 June 2018

Hannert de Kulissen ass scho kräfteg un der neier Saison geschafft ginn. Den FC Berdenia Berbourg ass frou säin éischten Transfert fir déi nei Saison unzekënnegen. Et handelt sech heibäi em de Gustav Schulz deen vum FC Una Strassen op Berbourg wiesselt.

Als groussen a spillstaarken zentrale Mëttelfeldspiller war de Gustav déi läscht Saison e wichteg Element an der Stroossener Equipe an der BGL Ligue. Do virdrun huet hien och schon e puer beachtlech Statiounen opzeweisen - enner aanerem stinn Veräiner wéi 1. FC Köln, VfB Stuttgart, Eintracht Trier souwéi Swift Hesperange a Victoria Rosport a sénger sportlecher Vita. Aus private Grënn huet de knapp 33 Joer ale Spiller décidéiert e bësse méi lues ze trëppelen an d'Herausfuerderung nach eng Kéier zu Berbourg ze sichen.

Mir wënschen him vill Erfolleg a freeën eis schon op séng Asäz am orangen Trikot. 

Weider Transfert'en wäerten an den nächster Deeg op dëser Plaz annoncéiert ginn.