Gilles Becker als Referee an der Championsleague


17 July 2019

Haut den Owend war de Berbuerger Arbitter Gilles Becker am 60000 Zuschauer faassenden Celtic Park zu Glasgow am Asaz. Et war de Réckmatch Celtic Glasgow géint FK Sarajevo an der 1. Qualifikatiounsronn fir d'Championsleague, De Stadion war gutt gefëllt, an déi gréng-wäiss Stëmmung war top.

De letzebuerger Alain Durieux war den Haaptarbitter vum Match, de Gilles an de Claude Ries waren seng Assistenten op der Linn an den Laurent Kopriwa war 4. Offiziellen.

De Gilles huet eng gutt Figur gemaach (daat gesäit een och op der Foto riets) a Glasgow huet sech um Enn mat 2-1 (3-1 am Himatch) duerchgesat.

Bravo un de Gilles fir säin Asaz a fir déi secherlech flott Erfahrung an och Merci fir de Berbuerger Veräin op déi europäesch Fussballsbühn erauszedroen.