Gewënner vum Berdenia Gewënnspill
25 August 2019
Eist Gewënnspill ass eriwwer a mir soen deene ville Leit déi matgemaach hunn villmools Merci. Knapp 2/3 vun de Participant’en haten dann och déi 3 Froen richteg beäntwert. Hei déi richteg Äntwerten:
Weilaang spillt den FC Berdenia lo onënnerbrach an der 1. Divisioun: 2011/2012 bis 2019/2020 = 9 Joer
Waat sinn d’Veräinsfaarwen vum FC Berdenia: Orange - Schwaarz
Wéieng war déi beschte Plazéierung an der éischter Divisioun: 3. Plaz an der Saison 2016-2017
Hei eis glécklech Gewënner déi vun eiser Lousfee Sue ermëttelt goufen:
1 VIPkaart fir d’Saison 2019-2020: Imran Rafdy
1 original FC Berdenia Trikot (Gréisst L): Joé Reuter
1 Meter Béier an der Buvette vum FC Berdenia: Bob Kohnen
Den FC Berdenia félicitéiert deenen 3 Gewënner, déi an den nächsten Deeg kontaktéiert ginn fir d’Remise vun de Präisser ze organiséieren.
Merci fir d’Matmaachen! Kommt eis Equipe fir den Optakt vun der neier Saison ënnerstëtzen. Haut um Sonndeg geet et um 16h zu Suessem lass! Allez Berbuerg!!!