Generalversammlung 2020


30 September 2020

Leschte Méindeg hat de Veräin seng alljährlech Generalversammlung am Beaurepaire zu Berbuerg ofgehalen, dës Kéier mat de néidege Sécherheetsoofstänn. Am Mëttelpunkt stoungen zwee grouss Sujet'en. Op där enger Säit natierlech de Covid-19 mam Lockdown an all sengen Impakter op de Veräin, sief et finanziell, organisatoresch mee och sportlech. Op der sportlecher Säit war et natierlech besonneg den duebelen Opstieg vun eise béide Seniorséquippen déi erviirzehiewe sinn, déi éischt déi an d'Eirepromotioun geklomm ass, an déi zweet déi an déi zweet Klass Reserven gestiegen ass. Alles an allem ass festgehaale ginn dass de Veräin op engem stabille Fundament steet an an der Kontinuitéit geschafft gëtt, och an Zukunft, an och wann daat negativ Resultat am Bilan wuel net nëmmen eisem Caissier net gefall huet. E Merci gëllt hei virun allem der Gemeng Manternach, déi mat hieren extraordinaire Subsiden fir Veräiner den Impakt e bëssen gemildert huet. 

Aus der Nout eraus entstinn awer och munchmol eng Reih nei Opportunitéiten. Sou ass eise Flieten Drive-In ganz gutt ukomm a wäert wuel eng Suite kréien, am Sponsorberäich huet sech vill gedoen an och d'Jugend mat eise Partnerveräiner vu Grevenmacher a Biwer leeft gutt, zumools wann ee bedenkt dass den Interessi vun deene ganz Klengen rëm klëmmt, mat knapp 20 Kanner déi fir d'Rentrée um Schnuppertraining Deel geholl hunn.

No den obligatoreschen Berichterstattungen huet de Comité d'Décharge vun der Versammlung kritt an de Bäitrag fir d'VIP-Memberen ass op 120 Euro (respektiv 100 Euro fir d'éischt Divisioun) ab der nächster Saison erhéicht ginn.

Den Owend ass wéi gewinnt bei engem klenge Maufel an engem Patt ausklénge gelooss ginn woubäi - Covid oblige - jiddereen fein op sénger Sëtzplaz mat 2 Meter Ofstand zum Noper bliwwen ass. Op eng besser Saison 2020-2021, wou mir hoffentlech geschwënn rëm méi no beieneeng réckelen an eng erfollegräich Saison zesumme feieren kënnen.

Mir si Berbuerg!