Generalversammlung 2019


21 September 2019

En Donneschdeg den 19. September war déi alljärlech Generalversammlung vum Veräin. Zahlreich Leit, virun allem Spiller, haten sech am Beaurepaire afonnt fir dem Comité säi Joresbericht nozelauschteren. De President Raoul Schummer huet d'Versammlung opgemaach an eng Reih Merci'en ausgeschwat fir de gudden Oflaaf vun enger intensiver Saison 2018-2019.

Sportlech gesinn hat déi lescht Saison fir d'éischt Equipe no engem mësslongene Start e ganz gudde Verlaf mat enger ganz gudder 5. Plaz zum Schluss. Den Trainer Jorge Freitas, deen betount huet dass et flott ze schaffen ass mat dësem Grupp dee gutt zesumme fonctionnéiert, huet dofir och e grousse Luef ausgeschwat kritt. No Zahlreichen Neizougäng ass de Kader qualitativ gutt opgestockt ginn, an de Jorge genéisst weiderhinn dem Comité säi vollst Vertrauen, sou dass dëse positiven Trend och dës Saison weidergefouert kann a soll ginn. Bei der zweeter Equipe gesäit een ënnert dem Trainer Pol Crelo en ähnlech gudden Trend. Duerch d'Reaktivatioun vun enger Reih méi erfuerene Spiller huet hien e gudde Mix am Kader an ass och an der Breed gutt opgestallt, sou dass een fir dës Saison, wéi hien selwer seet, d'Leeschtungen vun der zweeter Equipe solle gekréint ginn!
Mir si Berbuerg!

Desweideren ass zënter eng Reih Joren och eng Veteranenequipe méi oder manner erfollegräich am Spillbetrieb an zënter 2015 besteht och d'Jugendentente mat den Nopeschveräiner vu Biwer a Gréiwemaacher. Vill Wiessel an de Veräiner an op den Trainerbänken maachen d'Organisatioun hei net ëmmer einfach, mee et gëtt vill a gutt geschafft fir de Kanner e propper Emfeld ze bidden, an och rem méi Kanner am jonken Alter un de Fussball erunzeféieren. Dofir ginn Denschdes de 24. September um 17h15 zum Berbuerg an Donneschdes de 26. September um 17h15 zu Biwer Schnuppertraininger fir Kanner bis 7 Joer organiséiert. Och d'Elteren ginn opgeruff fir sech rëm méi an der Jugendaarbescht ze engagéieren, waat d'Organisatioun an den Oflaf fir jiddereen géif erliichteren.

Ganz houfreg ass de Veräin awer och drop dass mir mëttlerweil 5 Arbitteren hunn, niewt den zwee Internationalen awer och zwee Nowuesstalenter, déi sech daat eent oder aanert vun deenen aalen Huesen ofkucke kënnen.

Niewt deem sportlechen Deel, stoungen daat lescht Joer eng ganz Reih Manifestatiounen an Aktivitéiten um Programm, mat ënner aanerem dem neien Wies'n-Fest, dem grousse Penalty Weekend souwéi och dem 70. anniversaire. Virun allem fir d'Gebuertsdagfeierlechkeeten ass vill a gutt geschafft ginn an dofir seet de Comité dem extra gegrënnten Organisatiounscomité 70 Joer FCBB, a virun allem sengem President Marc Kubica, en décke Merci fir dee ganz engagéierten Asaz. Déi ganz Aktivitéiten hunn sech dann och am laangen Tätegkeetsbericht vum Sekretär Raymond Lahr eremgespigelt.

Waat d'Finanzen ugeet, sou huet de Kaissier Stephen Atkinson dëst Joer säin 19. Bericht an dëser Fonctioun ofgeluecht. Chapeau. D'Resultat vun der leschter Saison ass ganz positiv a läit am klenge fënnëfstellege Beräich, wou awer och zum Deel déi ausserordentlech Feierlechkeeten vum 70. Anniversaire mat raspillen.

De Comité gouf fir seng viirbildlech Aarbescht vum Keessereviseur Marc Schoellen an och vum Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach Jempi Hoffmann gelueft. De Comité ass fir den Exercice 2018-2019 entlaascht ginn a fir déi kommend Saison 2019-2020 bestätegt ginn. Austrieden ass alleng d'Corinne Gansen, daat aus private Grënn opgehalen huet. Mir soen him villmools Merci fir seng Aarbescht.

De Comité 2019-2020 gesäit dann wéi folgend aus:
Raoul Schummer (President), Daniel Wampach, Gil Cajao (Vize-Presidenten), Raymond Lahr (Sekretär), Stephen Atkinson (Kaissier), Christian Bamberg, Laurent François, Claude Hoffmann, Tom Hubert, Fränz Leruth, Max Raths, André Saeul, Carlo Wampach (Memberen)

Den Owend ass dann beim Patt an engem gudde Menü, zerwéiert vum Joel Schaeffer, ausklénge gelooss ginn. Prost op eng erfollegräich Saison!