Generalversammlung 2018


19 September 2018

En Dënsdeg, den 18. September 2018 huet den FC Berdenia Berbourg séng Generalversammlung zum Ofschloss vun der Saison 2017/2018 ofgehaalen.

De Präsident Raoul Schummer huet mat der Begréissung vun de Veräinsmemberen an enger Reih Merci'en ugefaangen, an ass duerno op déi eenzel Bestanddeeler vum Veräin agaangen. Niewt enge sëllegen Manifestatiounen, waren d'Haaptpunkter natierlech op dat Sportlecht geriicht. Am kuerze Réckbléck fir d'Seniorsequipen ass kloer ginn dass déi läscht Saison e bëssen hannert den Erwaardungen zréck bliwwen ass, waat spéider och nach vum Trainer Patrick Zöllner ënnerstrach ginn ass. Duerch eng Partie Of- an Zougäng an der Summerpaus ass d'Preparatioun an de Start an déi nei Saison och net optimal verlaaf, sou dass de gesamte Veräin zesummen dru schafft fir e positiven Trend fir déi no a méi wäit Zukunft anzeleeden.

An der Jugend fänkt lo déi 4. Saison an der Entente mam CS Grevenmacher an dem FC Jeunesse Biwer un. Doduerch bedéngt ass och d'Berdenia-Jugendcommissioun formell opgeléist ginn an d'Konzentratioun fir de Jugendberäich läit op der Ententecommissioun wou vill Opwand bedriwwe gëtt fir de Kanner a Jugendlechen eng gutt Ausbildung unzebidden. Den Trend bei der Jugend, waat daat organisatorescht an och d'Unzuel vun de Memberen ugeet, weist ganz kloer an déi richteg Richtung.

Erviirzehiewen sinn och nach d'Festivitéiten am Kader vun de 70 Joer FC Berdenia Berbourg, wou schon eng semaine sportive, d'Coupe 70 Joer souwéi och de Galamatch Weisweiler Elf - Luxembourg Allstars stattfonnt hunn. Den Ofschloss vum Gerbuertsdag gëtt de 5. Januar 2019 mat engem Galaiessen an der Präsentatioun vun enger flotter Brochure gemaach.

Nom Aktivitéitsbericht vum Sekretär Raymond Lahr, ass de Caissier Stephen Atkinson op déi finanziell Situatioun vum Veräin agaangen. Um Enn vun der Saison stoung en décke Plus ënnert dem Strech, waat awer deelweis duerch d'Einnahmen vun de 70 Joer Festivitéiten e verzerrte Bild duerstellt. Trotzdeem kann ee soen dass gutt geschafft ginn ass, virun allem am Beräich Sponsoring a fir den Equipement an den Encadrement vum Seniorskader. Leider ass festzestellen dass, duerch verschidden Ursaachen, et ëmmer méi schweier get Einnahmen iwwer Manifestatiounen an an der Buvette ze generéieren, waat dëst Joer och den Eelefmetertournoi ze spiere kritt huet.

Als Ofschloss huet de Georges Oswald e grousse Merci gesot kritt, dee säi Mandat als Keesserevisor no ville Joren néierleet. Och en décke Merci huet de Präsident zwee austriedenden Comitésmemberen ausgeschwat. Den ehemolege Präsident Claude Wampach souwéi och d'Jessica Silva halen aus private Grënn op. Nei am Comité sinn dofir awer den André Saeul, deen säit e puer Méint d'Koordinatioun vun der Veteranenéquipe mecht souwéi och de Francis Leruth, deen no enger klenger Auszäit rem am Comité voll duerchstarte wëll. Häerzlech Wëllkomm an op eng erfollegräich Zukunft.